Welt-Down-Syndrom-Tag
2024
Den 21. Mäerz feiere mir erëm de Weltdag vun de Mënsche mat Trisomie 21.
An deem Kader organiséiere mir dëst Joer op den Dag en After-Work am Restaurant Madame Witzeg, kombinéiert mam Vernissage vum Kënschtler Tom Wagener senger Billerexpo.
Méi Infoen iwwert den Tom Wagener an seng Konscht fann dir hei: https://tomwagener.lu/fr/a-propos-de-tom/
Mir hunn deen Dag och Besuch vum Amerikaneschen Embassadeur dem Här Thomas Barrett a Begleedung vum amerikaneschen Moler David Lenz.
Programm vum Owend:
- 18h00: Ouverture Vernissage Expo Tom Wagener
- 18h15: Rieden
- 18h30: After-Work
- 21h00: Clôture
D’Ekipp vum Restaurant Madame Witzeg offréiert e Patt an e puer exzellent Häppercher.
RSVP - Umelle kënnt Dir Iech bis den 11. Mäerz iwwer: info@trisomie21.lu