Vereinigung
Ehrenamtliche Tätigkeit
Bei folgenden Aktivitäten wird eure Unterstützung gebraucht:
-
Koch-Abende (Stuff21)
- Tanz-Kurse (Esch und Lorentzweiler)
- Urlaubs-Angebote
- Zumba-Kurs (Niederanven)
- Ausflüge (meistens am Wochenende)
Vorraussetzungen:
-
mindestens 16 Jahre alt sein
-
motiviert sein Neues zu lernen
- bereit sein Verantwortung zu übernehmen
Einschreibung
Kontaktperson
Erfahrungsberichte
„De Raoul Follereau seet a sengem Gedicht "un sourire" follgendes :
"e léift Laache kascht näischt a bréngt vill.
Wien et kritt, gëtt méi räich
wien et gëtt, net méi aarm".
Mat Trisomie 21 Aktivitéiten ze ënnerhuelen a mat de Memberen Zäit verbrénge mëscht genau dat - ee Gefill vun onbeschreiflechem Räichtum deen an deem Moment tëschent eis all opgedeelt gëtt. Merci dofir an dass mir eis alleguerten nach laang géigesäiteg beräicheren!“ Gwendy
„Benevole bei Trisomie21 si bedeit fir mech schéin a lëschteg Momenter op de Sortië mat de Memberen ze verbréngen. Et leiert an erlieft en ëmmer eppes Neies a laacht dobäi vill zesummen.“ Amélie
„Benevolat bei Trisomie21 bedeit fir mech, eppes zréckzeginn, an dobäi och selwer wuessen ze kënnen.
Hir Léift fir d'Liewen ass wierklech inspiréierend an huet mir gewisen, wéi wichteg et ass, am Moment ze liewen a kleng Saachen ze schätzen.
Et ass ëmmer en immenst Gefill hiert Laachen ze gesinn an ze spieren, wéi vill Freed d’Musik, d’Beweegung an de soziale Kontakt hinne bréngt.“ Lory
„Ech si frou als Benevole bei Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l.:
Et ass einfach ëmmer schéin, sief et bei Sortien oder beim Kachen.
Hei e puer schéin Erënnerungen:
- Wärend dem Iessen ass eng léif Persoun einfach opgestanen, huet mech an den Aarm geholl a gesot „Du bass e Clown!“
- Eng aner Kéier ass ee Participant bei mech komm, huet mech an den Aarm geholl a gesot "Ech si frou"
Wat och super flott ass, ass déi ganz Participatioun vu Jidderengem; sech matdeelen, zesumme laachen, flott Gespréicher wärend dem Kachen, zesumme sangen,… Dat alles ass esou schéin!“ Sandra
"Fir mech bedeit Trisomie 21 als Benevole:
Ech engagéiere mech immens gären a menger Fräizäit, droe Verantwortung an droen en Deel zu deene schéine Momenter wärend deene flott Kachstuffen oder Ausflich fir d’Leit bei." Claudia
"Benevole bei der Trisomie 21 ass eng Chance matt hinnen Aktivitéiten ze maachen a schéi Momenter matt hinnen ze verbréngen." Mino
"Fir mech als Benevole bei Trisomie 21 ass dat Bescht, dass ech d'Méiglechkeet hunn d'leit frou ze maachen an dass ëmmer erëm schéin wann een um Schluss vum Daach vun engem ee Laachen an ee Merci geschenkt kritt; da weess een dass een hinnen eng Freet gemaach huet." Joana
"Fir mech bedeit Benevole ze si bei Trisomie 21 ganz vill Freed. Et kann ee vill positiv Erfarungen a Wësse sammelen déi een och a senger Aarbechtswelt duerno gutt gebrauche kann. Et freet een sech ëmmer erëm ze kommen an déi Dankbarkeet vun hinnen ze spieren." Kim
"Ech sinn duerch een Don vu menger Gebeesaktioun aus " Matt Freed Gemaach Dany" bei der Trisomie 21 als Benevole hänke bliwwen, well ech mat oppenen Äerm vun hinne bei der Vente ënnerstëtzt gi sinn, an elo maachen ech mat voller Freed bei hinne mat, wann ech hinne kann hëllefen, well et schéin ass frou a glécklech Mesche ronderëm mech ze hunn." Dany