Vereinigung

Stellenangebote

1 Educateur diplômé (m/w/d) - 40 Stonnen CDI ab dem 1. Mäerz

fir éis Servicer zu Betzder

  • Fräizäitaktivitéiten
  • Begleedung an Beroodung
  • Sensibiliséierung

Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (C4)
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch (all weider Sprooch ass vu Virdeel)
  • Du bass flexibel an den Auerzäiten (owes oder och mol Weekends)
  • Du hues Kenntnisser am Beräich Handicap (sinn vu Virdeel)
  • Du kanns gutt an engem Team schaffen awer och autonom
  • Du hues e Führerschäi B an en eegenen Auto

MIr bidden:

  • Eng Plaz mat Stabilitéit duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS an engem dynamesche Veräin mat enger engagéierter Ekipp fir Inklusioun a Selwerbestëmmmung
  • En ënnerstëtzenden an hëllefsbereeten Kader mat Platz fir Kreativitéit
  • En dynamescht an agreabelt Aarbechtsëmfeld mat Raum fir eegen Iddi‘en a Kompetenzen auszeschaffen an ëmzesetzen

Wanns du interesséiert bass, da schéck däin CV an deng Lettre de Motivation

bis den 15. Februar un coordination@trisomie21.lu


1 diploméierten Psychologue (m/w/d)

Profil:

  • Diplôme als Psychologue
  • Eng psychotherapeutesch Ausbildung ass vu Virdeel
  • Erfahrung am Beräich vun der mentaler Beanträchtegung, idealerweis Trisomie 21
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch

Mir bidden:

  • Freelance-Kontrakt
  • 3-5 Stonnen d'Woch
  • Fir d'Consultatiounen mat Mënsche mat Trisomie 21 an hir Famill

 

Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt äeren CV + äer Lettre de Motivation un coordination@trisomie21.lu

Description du poste


1 Educateur gradué/diplômé (m/w/d), 20 Stonne/Woch, CDI ab dem 1. Mäerz 2026 fir säi Restaurant Madame Witzeg, (AIP) zu Bieles

Profil

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (C4)
  • Du hues Beruffserfarung mat Persoune mat Trisomie 21 oder enger geeschteger Beanträchtegung
  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (Owes a Samsdes)
  • Du kanns Franséisch, Lëtzebuergesch an Däitsch (all weider Sprooch ass vu Virdeel)
  • Du kanns gutt an engem Team schaffen awer och autonom

Responsabilitéiten:

  • Encadrement vu Persoune mat enger Beanträchtegung am Restaurant
  • Hëllesfstellung am Service a Kichen
  • Pädagogesch Projet’en ausschaffen a begleeden

Mir bidden dir:

  • Eng Plaz mat Stabilitéit duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS an engem dynamesche Veräin mat enger engagéierter Ekipp fir Inklusioun a Selwerbestëmmmung
  • En ënnerstëtzenden an hëllefsbereeten Kader mat Platz fir Kreativitéit
  • En dynamescht an agreabelt Aarbechtsëmfeld

 

Wanns du interesséiert bass, da schéck däin CV an deng Lettre de Motivation

bis den 15. Februar un coordination@trisomie21.lu