Vereinigung

Blog

27.10.2121

21 Joer Trisomie 21 Lëtzebuerg a.s.b.l.

Haut viru genau 21 Joer hate de Jean-Luc Bodeux, d'Doris Brüls, d'Martine Eischen, de Gérard Geimer, d'Mireille Hinkel, den Dr. Frank Mergen, d'Marie-Anne Spang, de Victor Wolff, d'Andrée Wüst, den André Wüst an d'Jeanne Zettinger déi wonnerbar Iddi d'Associatioun Trisomie21 Lëtzebuerg asbl an d'Liewen ze ruffen mam Zil sech fir d'Mënschen mat enger Trisomie21 op all méiglechem Niveau anzesetzen. Am Kader vu sengem 21. Gebuertsdag huet d'A.s.b.l. eng flott Retrospective zesumme gestallt an der déi läscht 21 Joer erëmgespigelt ginn. Vill Fotoen, vill Infoen, gefëllt mat Léift an Emotiounen. 

https://www.youtube.com/watch?v=D1xpm1_uN-g

Dat 162 Säiten déckt Fotobuch kënnt dir ab elo an eisem Sekretariat bestellen. (25 €)

Tel.: 26 78 74 51

Mail: educ@trisomie21.lu