Vereinigung

Blog

27.02.2424

Weltdag vu Mënsche mat Trisomie 21

Den 21. Mäerz feiere mir erëm de Weltdag vun de Mënsche mat Trisomie 21.

An deem Kader organiséiere mir dëst Joer op den Dag en After-Work am Restaurant Madame Witzeg, kombinéiert mam Vernissage vum Kënschtler Tom Wagener senger Billerexpo.

 

Méi Infoen iwwert den Tom Wagener an seng Konscht fann dir hei: https://tomwagener.lu/fr/a-propos-de-tom/

 

Mir hunn deen Dag och Besuch vum Amerikaneschen Embassadeur dem Här Thomas Barrett a Begleedung vum amerikaneschen Moler David Lenz.

 

Programm vum Owend:

  • 18h00: Ouverture Vernissage Expo Tom Wagener
  • 18h15: Rieden
  • 18h30: After-Work
  • 21h00: Clôture

 

D’Ekipp vum Restaurant Madame Witzeg offréiert e Patt an e puer exzellent Häppercher.

 

Umelle kënnt Dir Iech bis den 11. Mäerz iwwer: info@trisomie21.lu

 

Denkt drun den Dag zwou verschidde Strëmp un ze doen.

Wann Dir nach keng Strëmp hutt, fann dir hei mei Infoen dozou: https://www.trisomie21.lu/de/trisomie-21/welt-down-syndrom-tag/sockenaktion/